Home
News
Pics
Bandhistory
Bandmembers
Lyrics
Live Gigs
Discography
Downloads
Links
Contact
Guestbook


Counter

Leschten Update:
07.07.2010




   Déi neisten News:

  • 01.07.2010 Endlech! Thousand Lakes hun erem e Bassist, den neien Mann un de 4 stohlen Seeler héiert op den interessanten Numm Arjen Vink!

  • 10.06.2010 WICHTEG!! Och wenn mer näischt onversicht geloss hun, musse mer de Concert am "Cafe Bamboesch" vum Samschden leider ofsoen, an dëst durch eng eis net matgedeelten Iwernahm vum Café, as dësen de Moment zou. Mir zielen op ärt Verständnis.

  • 26.05.2010 De Frank Meysenburg huet eis verloss, as also net méi Bassist bäi Thousand Lakes. Déi 3 Concerten virum Summer sin awer net a Gefohr, mär hun en Ersatzmann den fir de Frank aspréngt.



Wëllkomm op der Homepage vun Thousand Lakes!



Band Mär sin eng Heavy Metal Band aus dem Süden vun Lëtzebuerg.
Mär existéieren säit 1995, hun e Koup Concerten zu Lëtzebuerg an Emgéigend bestridden an och am Laaf vun de Joeren e puer CDen opgeholl!

Wéi Der gesidd hun mer den Design vun eiser Homepage e bëssen verännert; nieft den visuellen Ännerungen get et awer och elo nei Rubriken wéi d'Downloads-Sektioun, déi mer no an no mat Musik, Videos, Biller an aner Extras fëllen wärten...

Wat ëmmer nach bäim Alen bleift, dat as dass mer Iech ëmmer nach iwer déi leschten News an neisten Concerts-Daten um Lafenden halen an dass mer eis freen Iech, nämlech déi lëtzebuerger Metal-Fans an déi déi et vläicht gin op eisen Live Concerten begréissen ze kënnen!
Schliesslech geet et eis jo och dorem fir en Deel bäizedroen déi wonnerbar Musikrichtung um Liewen ze halen...

Sollt Der Froen, Uregungen oder Kritik hun, kënnt Der eis kontaktéiren ënner contact@thousandlakes.lu! An elo wënschen mer Iech vill Spass bäim Stöberen!

Rock on & Greetz,
Thousand Lakes







View this site
in English






Besicht eis och op: