Home
News
Pics
Bandhistory
Bandmembers
Lyrics
Live Gigs
Discography
Downloads
Links
Contact
Guestbook


Counter

Leschten Update:
09.02.2010



Wëllkomm op der Homepage vun Thousand Lakes!



Band Mär sin eng Heavy Metal Band aus dem Süden vun Lëtzebuerg.
Mär existéieren säit 1995, hun e Koup Concerten zu Lëtzebuerg an Emgéigend bestridden an och am Laaf vun de Joeren e puer CDen opgeholl!

Wéi Der gesidd hun mer den Design vun eiser Homepage e bëssen verännert; nieft den visuellen Ännerungen get et awer och elo nei Rubriken wéi d'Downloads-Sektioun, déi mer no an no mat Musik, Videos, Biller an aner Extras fëllen wärten...

Wat ëmmer nach bäim Alen bleift, dat as dass mer Iech ëmmer nach iwer déi leschten News an neisten Concerts-Daten um Lafenden halen an dass mer eis freen Iech, nämlech déi lëtzebuerger Metal-Fans an déi déi et vläicht gin op eisen Live Concerten begréissen ze kënnen!
Schliesslech geet et eis jo och dorem fir en Deel bäizedroen déi wonnerbar Musikrichtung um Liewen ze halen...

Sollt Der Froen, Uregungen oder Kritik hun, kënnt Der eis kontaktéiren ënner contact@thousandlakes.lu! An elo wënschen mer Iech vill Spass bäim Stöberen!

Rock on & Greetz,
Thousand Lakes


Déi neisten News:

  • 09.02.2010 D'Fotoen vum Concert vum 06.Februar zu Féitz sin online.

  • 19.11.2009 Opgepasst! Mär hun eisen Optrëtt vum Freiden, 19.November zu Niederanven aus organisatoreschen Grënn gecancelt! Groussen Sorry un déi Leit déi wéinst eis wollten dohin kommen, mee mär hun eis Grënn! Planungen fir Concerten am Februar an März lafen schon, méiglecherweis kënnt der och schon éischter mat eis rechnen!

  • 12.07.2009 Den Samschden, 1.August feiert de Corneille säin Gebuertsdag mat engem Concert! Dat Ganzt fënnt statt an der Stadt am "New Madison", nieft Thousand Lakes sin och nach Lost In Pain um Start! Ufank as um 20:00 Auer an den Entree as selbstverständlech fräi!








View this site
in English






Besicht eis och op: